Invité:e vum Dag
Jean-Claude Reding
De President vun der Salariatskammer fuerdert e globaalt Konzept vun der Regierung wéi d’Kannergeldreform, d’Reform vum Congé parental, d’Kannerbetreiung an d’Steierreform an Zukunft anenee solle gräifen. Bei der geplangtener Steierreform fir d’Stéit geet de Jean-Claude Reding dovun aus, datt d’Progressioun an der Steiertabell fir d’Leit mat engem mëttleren Akommes ofgefiedert wäert ginn. Wat d’Reform vun der Beruffsausbildung ugeet, set de CSL-President, datt d’Gespréicher mam Educatiounsministère gutt viruginn. Duerch d'Gespréich féiert d'Mick Entringer.