Kultur
Götter a Pharaoen (Deel 1)
Nach bis den 10. Januar kënnt dir am Nationalmusée um Fëschmaart d’Ausstellung `Mumien, den Draam vun der Éiwegkeet`gesinn. Am Kader vun der Expo hat d’Heidi Köpp-Junk, Egyptologin op der Uni Tréier, d‘ Konferenz ´Götter a Pharaoen‘ ginn. Vu datt dat e vasten, ma och faszinanten, Sujet ass, huelen d’Kerstin Thalau an d’Heidi Köpp-Junk Iech vun haut un a bis Sylvester mat op eng Rees duerch déi alegyptesch Ënnerwelt , an zwar a 6 Etappen. 1. Deel: den Doud vum Kinnek.
Zanter circa 3‘000 Joer viru Christus goufen et am alen Egypten Kinneken, déi sech als Götterkanner verstanen hunn: op der Äerd ware si de Gottheeten hier vollwäerteg Vertrieder, souzesoen hier envoyés spéciauxen, hier Partner, hier Nofolger. D’Göttlechkeet gouf bei der Kréinung -interessanterweis- rituell aktivéiert. Vun do unns sollt de Kinnek, mat göttlechem Segen, d’Weltuerdnung oprecht erhalen an Egypte virun Eruerwerer schützen. Eng quasi iwwermënschlech Liewensaufgab, firwat den Herrscher nom Ofliewen dann och en opulent Begriefnis mat enger Hellewull Ritualer verdéngt hat.