Kultur
Den 'Prix européen de l’artisanat' zu Mons
De WCC, den Worl Craft Council, ass eng –vun der UNESCO unerkannt- professionell ASBL, déi sech fir d’Promotioun vum zäitgenësseschen Konschthandwierk a fir d’Verbesserung vun de Liewensconditioune vun de Kreateuren asetzt. Nodeems d’Beméiungen an Däitschland an an Holland Friichten droen, woen d'Membere vum belsche WCC och fir d’Belsch en optimistesche Bléck an d’Zukunft. D’Stad Mons huet op alle Fall net wëlles, d’WCC-Aktivitéiten ze bremsen. An esou ass dem Grupp eng permanent Galerie an den 'anciens abattoirs' zu Mons zur Verfügung gestallt ginn, an direkt niewendrun dierfen d'WCC-ler eemol d'Joer -am 'Grand Hall' vum Ex-Schluechthaus- eng vun hiren Triennalen organiséieren. 2015 d'Triennale 'Prix européens des arts appliqués'. A vu dat Kulturjoer war, huet d'Expo och Leit ugezunn, déi normalerweis net de Wee bei de WCC fannen. D'Kerstin Thalau war och bis laanscht.