Kultur
Pop-Etude (1. & 2.Deel)
D'Fuerscher zu London hunn d’Instrumenter, d’Akkorden an d’Melodien an de Lidder ënnersicht. Donieft awer och wéi divers d'Charts waren a wéini d'Musek sech am séierste verännert huet. Fir d'éischt goufen déi eenzel Lidder mat Hëllef vun enger Computer Software analyséiert. An enger zweeter Phase hunn d'Fuerscher gekuckt wéi d'Lidder zesumme gesat waren. Verschidde Charakteristike goufe gekuckt, dorënner d'Harmonie, Akkord Ännerungen an den Timber, also déi tonal Qualitéit vun der Musek. Eent vun de Resultater ass, datt et dräi grouss Revolutiounen an der Popmusek ginn. Déi dräi Stéchdatume sinn 1964, 1983 an 1991. D’France Ewen am Gespréich mat dem Matthias Mauch, engem vun de Fuerscher vun der Etude.