Kultur
Saló ou les 120 Journées de Sodome
Ganz um Schluss vun der Zäitspaan vum Faschismus an Italien, wor d'Episode vun "Saló". Eng Perversitéit. Am Pier Paolo Pasolini sengem Film sinn et 4 Dichteger, déi sech, zesumme mat enger Rei Subordonnéen an engem Grupp vu gekidnappte jonke Leit (Männer a Fraen) an engem Schlass verschanzen. Hei ginn de Gefaangenen all erdenklech kierperlech, psychesch a sexuell Forme vun Avilissement an Tortur ugedoen. Wéi de Film kuerz nom Pasolini senger Ermordung erauskoum, wor et e Skandal. Datt e sech och haut nach net einfach kucke léisst, deem dréit d'Cinémathéik Rechnung. D'Projektioun ass encadréiert duerch eng Aleedung, an uschléissend eng Diskussioun, mam Gian-Maria Torré, Enseignant-Chercheur op der Uni Lëtzebuerg a fräie Mataarbechter vun der Cinémathéik.