Kultur
125 Joer Sitting Bull: De Rebell ënnert den Indianer
Am Dezember 2015 virun 125 Joer, ville Sourcen no heescht et de 15 Dezember 1890, ass de Sitting Bull ënner net ganz kloren Ëmstänn gestuerwen, a mat him ass e groussen Indianer verschwonnen an e Mythos gebuer. De Sitting Bull als potentieller Leader vun enger méiglecher Rebellioun sollt festgeholl ginn. Indianesch Polizisten hunn dem Sitting Bull seng Häip encercléiert, ee vum Sitting Bull senge Leit huet geschoss, dorops hinn ass eng gréisser Schéisserei lass gaangen, no grad emol e puer Minutte war 15 Mënschen dout, a mat sengem Bouf war och de Sitting Bull ënnert den Affer, de grousse Sioux-Häuptling war net méi.