Kultur
Paul Verlaine-Expo am Musée des Beaux Arts zu Mons
Fir d’Enn vum Kulturjoer ass elo am Musée des Beaux Arts zu Mons eng Expo iwwert de Poet Paul Verlaine mam Titel “Verlaine, Cellule 252-Turbulences poétiques”. "L’Affaire de Bruxelles" gëtt de Fait Divers genannt wou de Poet Paul Verlaine op säin “Amant” a Poet den Arhur Rimbaud am Sträit geschoss huet. Zu 2 Joer Prisong gouf de Verlaine veruerteelt, a koum an de Prisong op Mons, mä et waren awer wichteg Méint am Liewe vum Verlaine déi hien an der Zell Nummer 252 zu Mons am Prisong souz.