Kultur
Troc'n'Brol: en Tiramisu geet villäicht net duer.
An enger konvivialer, lëschteger Atmosphär bidden de 17. Dezember eng 100 Kënschtler a Kënschtlerinnen, dorënner ganz renomméiert Leit, an de Rotonden hir Aarbechten un. A villäicht hutt der jo eng Këscht gudde Wäin, handwierklecht Geschéck oder en Appartement dat iwwert d'Feierdeeg eidel steet, oder soss eppes, wat der en contre-partie zur Verfügung kënnt stellen? Oder dir maacht deen -zertifiéiert- weltbeschten Tiramisu? Da kënnt der äert Gléck op alle Fall jo mol versichen. De Steph Meyers, zoustänneg fir d'Programmatioun "arts visuels" bei de rotonden, gëtt explicatiounen zu dësem speziellen Tauschmaart kuerz virun de Feierdeeg.