Kultur
Aweiung vum Medailecabinet am Nationalmusée
Zanter 1845 huet zu Lëtzebuerg eng numismatesch Kollektioun existéiert; 1927 ass se am Staatsmusée déponéiert ginn; 1966 eng éischte Kéier ausgestallt ginn. Zanter hier ass d’Sammlung onwahrscheinlech gewuess.Wéi den Nationalmusée um Fëschmaart rezent renovéiert a restauréiert ginn ass, hunn d’MNHA-Numismatiker fonnt, d’Mënzen- a Medaile-Kollektioun hätt am Fong och en neie Glanz néideg. Wéi wann engem e Sak voller Geld geplatzt wier, louche bis dato an de Vitrinnen vun de verschiddenen Sectiounen och ëmmer nees eng handvoll numismatesch Exponater, z.B. fir archéologesch Découverten ze illustréieren. Mat engem extrae Parcours sollt den Cabinet des médailles méi Visibilitéit kréien, den Accent op sengen eegenen estheteschen an historeschen Qualitéite leien. Elo ass am Nationalmusée um Fëschmaart den neien Mënz- a Medaile-Cabinet ageweit ginn. D’Kerstin Thalau war op der Pressevisite.