Kultur
Impossible Reading: the "Wichtel" Edition
Virun zwee Joer ass de Liesungen-Zyklus "Impossible Readings" entstan, als eent vun de Resultater vun engem Independent Little Lies-Projet. U sech handelt et sech ëm "opgepeppte" Lies-Owender, déi fir d'Auteuren an Autorinnen eng Erausfuerderung duerstellen, fir de Publikum duerfir awer (nach) méi Entertainment bidden wéi eng klassesch Liesung. De Luc Caregari, Co-Organisateur vun der Serie, erkläert am Gespréich mam Cléo Thoma d'Konzept vun dëse Spillercher, op déi d'Auteuren an Autorinnen sech am grousse Ganzen nawell gäeren aloossen. An e verréit, wat bei der nächster Editioun, "the Wichtel-Edition", den 11.12. ëm 20h an der Escher Stad-Bibliothéik, usteet.