Kultur
de Mundaneum zu Mons
Dëse Weekend soll -wann an der Belsch näischt dertëschent kënnt- d’Kulturjoer an der europäescher Kulturhaaptstad 2015, also zu Mons, feierlech ofgeschloss ginn. Mir zéien déi ganz Woch op dëser Plaz Bilan a weisen op Ausstellungen an aner Evenementer hinn, déi iwwert d’Kulturjoer eraus weiderginn. Sou z.B. d’Expo ‘Mapping knowledge’ am Monser ‘Mudaneum. D'Ausstellung gëtt bis Enn Mee 2016 zu Mons gewisen a presentéiert en Abléck an eng Sammlung, déi -an Zifferen- 12 Millioune Karteikaartentiräng a 6km zousätzlecher Dokumentatioun an Zeechnungen zielt. Déi 2 belsch Hären déi d’Welt klasséiere wollten fir duerch Wëssen Fridden ze schaaffen, den Paul Otlet an den Henri La Fontaine, d’Pappe vun der Ziedelsichmaschinn -wéi de Spiegel se gedeeft hat- wieren –wann och net vun der aktueller politescher Situatioun- bestëmmt awer vun der heiteger Muséesvermëttlung a Pédagogik hell op begeeschtert. Explikatioune vum Kerstin Thalau an der Delphine Jenart vum Mudaneum.