Kultur
25 Joer Filmfong: Gebuertsdagsparty am Utopolis
A Präsenz vum Grand-Duc, a vun enger ganzer Rei fréieren an heidegen Décideuren aus der lëtzebuerger Politik a Kulturlandschaft, hat sech d'Filmzeen de 7. Dezember Rendezvous am Utopolis ginn, fir de 25. Anniversaire vum Filmfong ze feieren. Trotz festlecher Stëmmung a Gléckwënsch an all Richtungen bleift et e Sekteur mat ënnerschiddlechen Dynamiken. Soll prioritär fir de lokale Marché, oder fir d'Ausland produzéiert ginn? Den Tom Dockal wor sech d'Party mol ukucken.