arrow_back_ios
Kultur
Bridge of Spies: de Spielberg kann dat.
Ähnlech wéi och schonn a "Munich" oder "Schindlers List" huet de Steven Spielberg an "Bridge of Spies" nees eng (duerchaus komplex) Episode aus der Geschicht vum 20. Joerhonnert an engem oppulente Kinosfilm ënnerbruecht. D'Dréibuch ass clever, d'Schauspiller si groussaarteg, d'Inszenéierung ass räich a subtil, de Montage elegant, och d'Musek (vum Thomas Newman) passt gutt: loosst Iech 135 Minutte laang entertainen!