arrow_back_ios
Kultur
Cold Case Ägypten: d'Geheimnis vum lëtzebuerger Mumie-Kapp
Am Kader vun der ablécklecher Ausstellung iwwert d’Mumien, hat den Nationalmusée um Fëschmaart den 3. Dezember op eng onheemlech interessant Konferenz invitéiert. D’Stephanie Zesch vun de Reiss-Engelhorn Museen huet d’Analysen – an hir spektakulär Resultater - presentéiert, déi mam Mumie-Kapp aus der Kollektioun vum MNHA gemaach goufen. D’Cléo Thoma war de Virtrag lauschteren, an d’ Conférencière interviewen.