Invité:e vum Dag
Silvio Sagramola
Fir datt d’Inclusioun an der Regelschoul funktionéiert, hätten dëst Joer 40 zousätzlech Poste misste geschaf ginn, seet de Silvio Sagramola. Den Direkter vun der Plattform Info Handicap fuerdert méi Ressourcen an de Schoule fir d’Begleedung vu Kanner mat spezifesche Besoinen. Dat wär eng Fro vu politeschem Engagement a vu politescher Responsabilitéit. De Wëlle wär zwar do, mee aus deels historesche Grënn kéim ee just lues virun. Eng Léisung wär, datt d’Education différenciée méi direkt an de Schoule géif intervenéieren.
Bei Info Handicap mëscht een sech Suergen, iwwert d’Reform vun der Fleegeversécherung. Wann d’Qualitéit géing ofhuelen, géing dat op Käschte vun der Autonomie vun de Leit mat Behënnerung goen, esou e Silvio Sagromola.