Kultur
Si Planzejeeër Wëssenschaftler?
‘Orchideen, Cacao, Kolibrien. Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika’. Planzejeeër....Chasseurs de plantes, an net caresseurs de plantes. Déi Lëtzebuerger, déi tëscht dem 17. an den Ufäng vum 20. Joerhonnert a Latäinamerika d’Natur studéiert hunn, waren net Botaniker oder Zoologen no heitege Kritèren, mee si hu botaniséiert, gesammelt, an Entdeckungen gemaach. An déi gi vun e Freiden un an enger temporärer Ausstellung am Naturmusée am Gronn presentéiert. D'Kerstin Thalau wollt vum Patrick Michaely vum Naturmusée méi iwwert de wëssenschaftleche Gehalt vun der Expo gewuer ginn.