Kultur
Mutiny on the Bounty: Concert als Zeeche vu Solidaritéit
No den Attentater zu Paräis, bei deenen alleng am Concertssall Bataclan iwwer 80 Mënschen hiert Liewe gelooss hunn, goufen uechter Europa eng ganz Réi Concerten ofgesot. Esou och zu Lëtzebuerg: An der Escher Rockhal sollt e Samschdeg de leschten Dag vum Musikfestival Sonic Visions sinn. Am leschte Moment goufen awer all d’ Concerten ofgesot. Op der Homepage heescht et, dës Décisioun wier aus Solidaritéit mat den Affer getraff ginn. Fir eng weider Stellungnahm war kee vun den Responsabelen disponibel. Ee Concert gouf et e Samschdeg awer trotzdem: De Café “De Gudde Wëllen” huet d’ Initiativ ergraff an d’ Lëtzebuerger Band Mutiny on the Bounty gefrot fir e Concert bei hinnen ze spillen. Dëst fir en Zeechen ze setzen a sech no den Attentater zu Paräis solidaresch ze weisen.