Kultur
VW-Kultursponsoring?
VW ass scho Jorzéngte laang als Sponsor besonnesch fir Konschtinstitutiounen an och allgemeng an der Kultur ënnerwee. Als Beisipill, zanter 2011 ass VW-Amerika Partner vum renomméierte Museum of Modern Art, dem Moma zu New York, zu Shanghai huet den Autoskontrukteur zesumme mam Yuz-Museum d’Ausstellung "Rain Room" opgemaach, an zu Berlin ënnerstëtzt d’Firma Konzerte vu Kraftwerk an der neier Nationalgalerie. An dëse Kultursponsoring war fir VW ëmmer ganz wichteg, well se domat hir Image de Marque gefleegt hunn. D’Fro ass awer wéi sech elo verhalen? Prinzipiell ass etesou datt ronderëm e Skandal wéi bei VW, ze haart oder pertinent Publicitéit net gutt ass, duerch en éischter zeréckhalenden Engagement kéint et méi einfach ginn, d’Reputatioun déi futsch ass, nees nei opzebauen.