arrow_back_ios
Kultur
El Boton de nacar: Ee poeteschen Essai
Wann d’Waasser eng Stëmm an eng Memoire hätt, heescht et am "El Boton de nacar", da kéint et vun Ënnerdréckung a Mord erzielen. Am Documentaire vum Chilen Patricio Guzman geet ëm d'Verschwanne vu Minoritéiten. Wat dëse wonnerschéine Film ausmécht, sou d'Maxi Pesch, ass d'Spannung, well ee just no an no eenzel, dramatesch Evenementer entdeckt.