Kultur
100komma7.lu
Iwwersiichtlech, benotzerfrëndlech an dynamesch: sou presentéiert sech deen neien Internetsite vum radio 100,7. Niewent dem lineare Programm proposéiert den 100,7 vun elo un all déi interessant Sujeten aus de Beräicher Aktualitéit, Kultur, Musek a Wëssen als Web-Formater. Niewent den Artikelen ass d'Mediathéik d'Häerzstéck vum neie Site. Den Yves Stephany, Responsabele vum online-Beräich schwätzt am Gespréich mam Jean-Claude Majerus iwwert d'Konzeptioun vum Site, iwwer d'Defië fir de Radio am Joer 2015 an iwwer d'Funktionalitéite vum Site.