Kultur
Walfer Bicherdeeg 2015
Den 21 an 22 November ginn déi 21 Walfer Bicherdeeg iwwert d’Bühn, wou op en neist villes ronderëm Literatur, Bicher oder Philosophie dréit. Mat natierlech der Walfer Anthologie, déi QUO VADIS EUROPA iwwerschriwwen ass, iwwregens schonn déi 13 Kéier datt esou eng Anthologie am Kader vun de Walfer Bicherdeeg eraus kënnt, e Buch an deem 17 Auteuren Texter zum Thema Fridden a Fräiheet bäigesteiert hunn. Dann ass et déi ewell schonn 4. Journée de la philosophie, Freides den 20 November, an déi ass wéi d’Anthologie Quo Vadis, Europa iwwerschriwwen. Walfer Bicherdeeg proposéieren och Ausstellungen: Fotosaustellungen vun de Walfer Fotosfrën a vun der Fotosartistin Jessica Theis. An der Maison Dufaing ass eng Ausstellung iwwert Rousen, mam Titel Grossmeister der Rosen: Pierre Joseph Redouté. an net ze vergiessen den 18 November am Festzelt vun de Walfer Bicherdeeg d'Remise vum 1.Hörspillpräis vum radio 100,7.