arrow_back_ios
Blue Note
Den amerikanesche Gittarist John Scofield
Den amerikanesche Gittarist John Scofield zielt nieft dem Pat Metheny an dem Bill Frisell zu de Big 3 - Gittaristen am Jazz. De 25. September 2015 ass säin neiste Quartett-CD Past-Present um legendären amerikanesche Label Impulse!-Records erauskomm. De Stefano Agostini notzt dës Geleeënheet, fir den Artist, säin eemolege Stil a säi Wierk, dat méi wéi ee Véirelsjoerhonnert amerikanesch Museksgeschicht duerstellt, virzestellen.