arrow_back_ios
Kultur
"Visions", neit Theaterstéck vum Kollektiv ILL
"Visions" ass den Zweete vun am ganzen dräi Theaterprojete vum Kollektiv Idependant Little Lies am Kader vun hirem 20 Anniversaire. Am Stéck geet et ëm eng jonk Fra ouni Aarbecht, déi sech komplett zeréckzitt, an ufänkt en imaginäre Personnage ze kreéieren. "Hikikomori", nennt een a Japan jonk leit déi sech op Grond vum Drock an den Erwaardunge vun der Gesellschaft komplett aus dem soziale Liewen zeréckzéien.