Invité:e vum Dag
Isabelle Schlesser
Déi niddereg qualifizéiert Profiller hunn et nach ëmmer schwéier um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché, dat seet Direktesch vun der ADEM. “50% vun de Leit am Chômage hunn eng déif Qualifikatioun, dat ass e Problem wann ee kuckt wou nei Emploien creéiert ginn”, sot d’Isabelle Schlesser de Moien bei eis op der Antenn. Ee vun de Secteuren wou momentan am Meeschten Plaze creéiert ginn, ass den IT-Secteur.
D’ADEM ass weider amgaang sech nei opzestellen. Déi 22 Leit, déi der ADEM Ufanks dës Joers versprach goufen, sinn zum Deel schonn rekrutéiert ginn. Et sinn handelt sech dobäi ëm sougenannte Conseillers spécialisés, déi Demandeurs d’emploi encadréieren, déi wäit vum Aarbechtsmarché ewech sinn.
Zu Lëtzebuerg ginn all Joer 120.000 Recrutementer gemaach, et wier wichteg datt ënnert deene Recrutementer méiglechst vill Demandeurs d’emploi wieren, sou d'Isabelle Schlesser weider.