Kultur
All d'Filmer vum Woody Allen
De Woody Allen ass e Personnage à part am amerikanesche Kino. Zënter 50 Joer bréngt hien an der Moyenne ee Film pro Joer eraus. A souguer seng méi "schwaach" Wierker sinn net fir ewech ze geheien. Am Laf vun deenen nächste Méint huet d'Cinémathéik Wëlles, seng integral Filmografie ze programméieren. D'Cléo Thma huet mam Marc Scheffen vun der Cinémathéik iwwer "Phasen", Leitmotiver, Obsessiounen an aner Charakteristiken am Cineast sengem Wierk geschwat.