Invité:e vum Dag
Mylène Wagner-Bianchy
Déi nei Syprolux-Presidentin fuerdert d’Schafe vun enger Police-Unitéit fir de gesamten ëffentlechen Transport. Nieft de Zich a Busse géing deemnächst och beim Tram d’Sécherheet eng Roll spillen. Nom verhënnerten Attentat an engem franséischen Zuch am August wären d’Eisebunner staark beonrouegt. Et dierft en awer net a Panik verfalen, esou d'Mylène Wagner-Bianchy am Gespréich mam Mick Entringer.
Dernieft misst d’CFL-Direktioun fir méi eegent Personal an den Zich suergen. An engem duebelstäckegen Zuch kënne bis zu 800 Passagéier sinn, mee et ass just een Zuchbegleeder virgesinn. D’Mylène Wagner-Bianchy fuerdert an de Spëtzestonnen op d'mannst en zweeten Zuchbegleeder pro Passagéierzuch.
Fir déi éischt Fra un der Spëtzt vum Syprolux sinn Asaz, Gedold an Ausdauer d’Viraussetzunge fir Presidentin vun enger Gewerkschaft ze ginn. Dat wieren awer keng geschlechtsspezifesch Erausfuerderungen. D'Mylène Wagner-Bianchy ass um ausseruerdentleche Kongress vun der Eisebunns-Gewerkschaft Syprolux den 21. November, mat 73 Prozent vun de Stëmme gewielt ginn.