Kultur
den DEE-Magazin vun den Designfriends
‘Design Luxembourg’: esou nennt sech d‘Federatioun vun de Profi-Designer zu Lëtzebuerg. Parallel dozou hunn sech 2009 d’’Designfriends’ gegrënnt. Firwat? Fir Evenementer ronderëm den Design -wéi Konferenzen oder Ausstellungen- ze organiséieren, och interesséiert Net-Designer als Memberen ze gewannen a regelméisseg eng Publikatioun erauszebréngen. Déi nennt sech 'DEE'. Wat ugangs als eng Zort besseren Rapport d'activité geduecht war, huet sech séier zu engem richtegen Design-Magazin entwéckelt, mat Konschtfotoen a recherchéierten Artikelen. D'Kerstin Thalau huet mat der Designfriends-Presidentin Nadine Clemens iwwert den aktuellen DEE-Magazin geschwat.