Kultur
Konschtbiennale zu Athen
Ënnert der Iwwerschrëft "Omónia" ass Mëtt November déi 5. Athener Biennale opgaangen, ee vun den innovativsten Evenementer, déi déi griechesch Haaptstad zu bidden huet. D'lescht Kéier gouf et duerfir de "Prinzessin-Margriet-Präis fir Kultur". Wat d'Innovatioun ugeet, ass d'Équipe vun de Kurateure sech trei bliwwen: déi Kéier ass d'Biennale keng kompakt Manifestatioun, mä si spillt sech an Aarbechtszyklen, verdeelt iwwert déi nächst 2 Joer, of. E Reportage vum Alkyone Karamonlis, vun Athen.