Blue Note
Charles Mingus
Hien ass eng vun de bekanntesten Jazzgréissten, deen den Jazz kannt huet, den amerikanische Bassist an Enfant terrible vun der Jazzzeen, de Charles Mingus. De Mingus war e Mënsch, deen aus Kontradiktiounen a Kontroversë bestanen huet. Méi wei 25 Joer no sengem Doud bleift de Charles Mingus ee vun de ganz groussen Architekten, ee vun den Pappe vum modernen Jazz. De Marco Reusch bréngt dëse Museker mat sengem facettëräichen a mouvementéierte Liewe méi no.