Kultur
Robert Schuman Konschtpräis 2015
4 Curateuren aus de Stied Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier, sélectionéieren all 2 Joer 4 Kënschtler aus hirer Géigend, hier 4 'coups de coeursen' fir se an d'Course fir de Robert-Schuman-Konschtpräis ze schécken. Fir Lëtzebuerg huet d’Daniela DelFabbro vum Diddelenger Pomhouse dës Tâche iwwerholl, an d’Lauriane Bixhain, d’Laetizia Romanini, de Gilles Pegel an de Mike Bourscheid proposéiert. Wat an enger gemeinsamer Quattropole-Expo 'Konschtpräis Robert Schuman' gewise gëtt, décidéieren Curatrice a Kënschtler gemeinsam. Hôte fir d'Austellung ass ëmmer en anert Kulturhaus aus der Groussregioun. Gëschter war am Tréierer Stadmusée Simeonstift Vernissage vun der Expo an et gouf annoncéiert, dat d'Membere vun der internationaler Schuman-Jury sech fir déi Tréierer Objet- an Installatiounskënschtlerin GabyPeters décidéiert hunn, der hieren Haaptsujet Alldagsabsurditéite sinn. D'Kerstin Thalau war am Simeonstift.