Kultur
Edward Steichen Award Editioun 2015
Fir d’sechste Kéier gouf den 20. November am Mudam den Edward Steichen Award iwwerreecht, a fir d’drëtte Kéier, den Edward Steichen Luxembourg Resident in New York Award. Lauréate sinn de belsche Kënschtler Max Pinckers, an de Lëtzebuerger Artist Jeff Weber. D’Cléo Thoma war bei der Zeremonie derbäi an huet mat béiden Artisten iwwert hir Aarbecht geschwat. Méi Informatiounen iwwert de Präis, deen all 2 Joer vergi gëtt, ginn et vum Hubert Wurth, dem President vun der Edward Steichen Award Luxembourg Association. Eng Rei fréier Lauréate kommen iwweregens an enger Expo zu Bréissel zu Éieren: "Steichen! Making Meaning of a Legacy" am Palais des Beaux Arts (13.11.2015-5.1.2016), mat Wierker vum Su-Mei Tse, Claudia Passeri, Sophie Jung a Jeff Desom.