Invité:e vum Dag
Ed Maroldt & Gianni Mersch
De lokale Jugend-Fernsehsender vum Escher Jongelycée ass 1996 op Antenn gaangen. Och an enger Zäit wou Jonker an éischter Linn den Internet benotzen, mécht Televisioun-Maache Sënn, esou de Gianni Mersch vum Ulezechtkanal am Gespréich mam Mick Entringer. De pedagogesche Projet géing de Jonke bäibréngen, Deadlinen anzehalen, fir an Equipen ze schaffen a Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.
“Am Ufank hu mir gemengt, datt d'Luuchtepottoen, déi an der Uelzechtstrooss opgeriicht gi sinn an déi Esch eng nei Identitéit sollte ginn, dat Wichtegst wär, wat mir jeemools kéinte filmen”, seet den Ed Maroldt, de Pädagog a Grënner vum Uelzechtkanal. Duerno awer waren d’Schmelzen zougaang, d’Frichen si revaloriséiert ginn an d’Uni koum op Belval. “Esch-sur-Belval” esou heescht d’Buch vum Ed Maroldt iwwert 20 Joer UelzechtKanal. “Esch gesäit net no Esch aus, mee Esch gesäit just nach no haut aus”, seet de Psychiater Paul Rauchs am Film zum Buch. Dat wär a villen europäesche Stied net anescht, seet den Ed Maroldt.
“La dame rouge et la dame blanche”, esou nennt den Ed Maroldt déi aktuell an déi fréier Escher LSAP-Buergermeeschterinne Vera Spautz a Lydia Mutsch. Vill Escher hätte fonnt, et wier optimal, wéi déi zwou Politikerinnen zesumme funktionéiert hunn. D’Lydia Mutsch hätt vill fir d’Promotioun vum Universitéitssite Belval gemaach. D’Leit hätten awer den Androck, datt net genuch no de Stroosse gekuckt gi wär an no den Trottoiren a Kullangen. Do hätt d’Vera Spautz fir de sozialen Ausgläich gesuergt. D’Escher Gemeng hätt ëmmer vill fir déi manner gutt gestallte Leit gemaach. Haut wär et un der Vera Spautz déi zwou Säite vun Esch ze vertrieden.
Episoden
![Jean-Paul Ohlinger | © Jo Diseviscourt Jean-Paul Olinger | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/191373/image-thumb__191373__base_thumbnail/Jean-Paul%20Ohlinger.991ea7b8.jpg)
Jean-Paul Olinger
Dee fréieren Direkter vum Patronatsverband UEL ass zanter dem 1. Mee Chef vun der Steierverwaltung.
![Gilles Roth | © Jo Diseviscourt Gilles Roth | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/191181/image-thumb__191181__base_thumbnail/Gilles%20Roth%20Juli%202024%20Studio.2e9263d5.jpg)
Gilles Roth
No der Presentatioun vum “Entlaaschtungspak” fir Leit a Betriber: Froen un den CSV-Finanzminister
![Ralph Diseviscourt | © Jo Diseviscourt Ralph "Dizzy" Diseviscourt | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/190950/image-thumb__190950__base_thumbnail/Ralph%20Diseviscourt%20Studio.04c4fe97.jpg)
Ralph "Dizzy" Diseviscourt
Viru 6 Deeg huet den Ultracyclist bei der Race around Poland no 2.500 (vun 3.600) Kilometer missen opginn.
![Sasha Pulli | © Jo Diseviscourt Sasha Pulli | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/190743/image-thumb__190743__base_thumbnail/Sasha%20Pulli.5c8a0167.jpg)
Sasha Pulli
Dräi Deeg no senger Wal um Kongress: Froen un den neie Generalsekretär vun der LSAP
![Claude Meisch](/1_Foto/100komma7.lu/151985/image-thumb__151985__base_thumbnail/Claude%20Meisch%20M%C3%A4erz%202024.c0481aae.jpg)
Claude Meisch
Problemer am Mamer Lycée a beim Science Center an eng landeswäit Ëmfro, no där bal een Drëttel vum Schoulpersonal no um Burnout ass: Wéi geet de Minister domat ëm?
![Guy Hellers](/1_Foto/100komma7.lu/190530/image-thumb__190530__base_thumbnail/Guy%20Hellers%20IVD.b1b41d82.jpg)
Guy Hellers
Zwee Deeg virun der EM-Finall e Bilan mam fréieren Nationalspiller an -Trainer vun der EURO 2024.
![Josy Gloden](/1_Foto/100komma7.lu/189741/image-thumb__189741__base_thumbnail/Josy%20Gloden.e56de3eb.jpg)
Josy Gloden
Virum “Wäibaudësch” haut zu Senneng: Froen un de President vum Fonds de Solidarité Viticole
![Fernand Kartheiser](/1_Foto/100komma7.lu/189531/image-thumb__189531__base_thumbnail/Fernand%20Kartheiser%202.c5fa613a.jpg)
Fernand Kartheiser
Op sengem leschten Dag als nationalen Deputéierten: Froen un den zukünftegen ADR-Europaparlamentarier.
![Marc Wagener | © Jo Diseviscourt Marc Wagener | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/189324/image-thumb__189324__base_thumbnail/Marc%20Wagener.47c33393.jpg)
Marc Wagener
Mir schwätze mam neien Direkter vum Patronatsdaachverband UEL.
![Analys vun de franséische Parlamentswalen](/1_Foto/100komma7.lu/189058/image-thumb__189058__base_thumbnail/M%C3%A9lenchon%2C%20Attal%2C%20Bardella.c84c2510.jpg)
Analys vun de franséische Parlamentswalen
D'Resultater vun de franséische Parlamentswale wäerten déi nächst Deeg nach fir vill Diskussioune suergen. Vu Paräis zougeschalt ass den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
![© Morgane Weidig Charel Goerens | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/188590/image-thumb__188590__base_thumbnail/Charel%20Goerens%20IVD%20Juli.a453f847.jpg)
Charel Goerens
Wat steet bei de Parlamentswalen a Frankräich fir d’EU um Spill? Dat froe mir den DP-Europadéputéierten.
![Duncan Roberts](/1_Foto/100komma7.lu/188359/image-thumb__188359__base_thumbnail/Duncan%20Roberts%20IVD.ba01adbd.jpg)
Duncan Roberts
A Groussbritannien deit alles op eng Wal-Victoire vun der Labour-Partei hin. Wéi eng Ännerungen kommen doduerch op d’Briten duer? Mir froen e britesche Journalist, dee scho laang zu Lëtzebuerg lieft.
![Gilles Feith](/1_Foto/100komma7.lu/188161/image-thumb__188161__base_thumbnail/Gilles%20Feith%20IVD%20Juli.4e23e3ad.jpg)
Gilles Feith
Zanter der Coronakris kënnt et méi dacks zu Verspéidungen an Annulatioune vu Flich. Mussen d’Passagéier och dëse Summer domat rechnen? Mir froen den Direkter vun der Luxair.
![Franz Fayot](/1_Foto/100komma7.lu/187894/image-thumb__187894__base_thumbnail/Franz%20Fayot%20IVD.c2e1ff38.jpg)
Franz Fayot
Den LSAP-Deputéierten ënnerstëtzt am franséische Walkampf den Nouveau Front Populaire - zesumme mat Vertrieder vun déi gréng an déi Lénk. Ass eng Lénksallianz och hei am Land denkbar?
![Djuna Bernard](/1_Foto/100komma7.lu/187705/image-thumb__187705__base_thumbnail/Djuna%20Bernard_1.2c5be891.jpg)
Djuna Bernard
De François Bausch mécht säi Stull am Parlament fräi fir d'Djuna Bernard. D’Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer hir Zukunftspläng an iwwer d'Affär Gaardenhaischen.
![© Morgane Weidig Georges Rassel | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/186844/image-thumb__186844__base_thumbnail/Georges%20Rassel%20IVD.5e3db528.jpg)
Georges Rassel
Wéi prett ass déi Lëtzebuerger Industrie fir eng méi gréng Zukunft? Dat freet d'Christiane Kleer deen neie President vun der Industriellevereenegung Fedil.
![Cécilia Gondard | © Jo Diseviscourt Cécilia Gondard | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/186751/image-thumb__186751__base_thumbnail/C%C3%A9cilia%20Gondard.68f3b06f.jpg)
Cécilia Gondard
D’Benelux-Kandidatin vum Nouveau Front Populaire bei de Parlamentswalen a Frankräich äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
![François Bausch | © Jo Diseviscourt François Bausch | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/Opus%20Fotoen/186721/image-thumb__186721__base_thumbnail/Fran%C3%A7ois%20Bausch.ca46d953.jpg)
François Bausch
De grénge Politiker zitt no 35 Joer e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär.
![Simone Asselborn-Bintz | © Jo Diseviscourt Simone Asselborn-Bintz | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/186502/image-thumb__186502__base_thumbnail/Simone%20Asselborn%20Bintz.086bf790.jpg)
Simone Asselborn-Bintz
D’Presidentin vum LSAP Gemengeforum kritiséiert eng Ännerung um kommunale Finanzéierungsschlëssel.
![Luc Heuschling | © Jo Diseviscourt Luc Heuschling | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/186232/image-thumb__186232__base_thumbnail/Luc%20Heuschling.4117181e.jpg)