Konferenzen
Immigranten aus Italien
An den 1950er respektiv 70er Jore verloossen zwou Famillen aus Italien hir Heemecht, fir an de Grand-Duché z’immigréieren. Si hu sech am Süde vum Land, zu Rëmeleng néiergelooss.
D'Famill vum Giorgio Stiletto koum 1954 aus de Bierger vun Norditalien (Regioun Veneto). D'Giovanna Biondi koum Ufangs de 70er mat hiren Elteren a Gesëschter aus dem ënneschten Eck vu Sizilien (Provënz Ragusa). Allebéid si si als Kand an e friemt Land komm, sinn hei opgewuess an hate spéider Succès an hirem Beruff. Si goufen och dofir an hire respektive Regiounen an Italien geéiert.
D'Giovanna Biondi, bestuet Bompadre, huet haut zu Esch-Uelzecht dee bekannte Coiffeur-Salon, Jeanne Coiffure. De Giorgio Stiletto huet sech Enn vun den 1970er Joren an der Stad mat der Pizzeria Giorgio en Numm gemaacht.
Mam Carlo Link kucke si zréck a beschreiwen hire Liewenswee, mat Héichten an Déiften, an der deemools neier Heemecht.