New Cotton Club
NEW Cotton Club
Am Cotton Club zu Manhattan hunn an den 1920er a 30er Joeren all déi grouss bekannten afroamerikanesch Jazzmuseker an Entertainer gespillt: vum Duke Ellington mat Band bis zum Cab Calloway.
An dësem Nightclub op der Affiche ze sinn huet de Bekanntheetsgrad vun engem Kënschtler oder enger Band no uewe katapultéiert.
Eisen NEW Cotton Club inspiréiert sech musikalesch un dëser Zäit mat hire groussen Danz-Orchesteren a Big Bands. An dëser Emissioun spille mer net nëmme Musek aus dëser gëllener Swing-Zäit mä och Smoothy Jazz a Big Band Musek vun haut.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.