Kultur
Walfer Bicherdeeg Spezial
Scho vun e Mëttwoch un hu Frënn vum Buch sech zu Walfer d'Klensch an de Grapp ginn, sief dat fir matzeerliewe ween Laureat vum 100,7 Radiopräis, oder Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2015 ass, sief et fir gëscht op de Freideg un de philosopheschen Iwwerleeungen deelzehuelen a matzediskutéieren. De Radio 100,7 hat de Mëttwoch säin Optrëtt mat der feierlech Iwwerreechung vum éischten 100,7 Radiopräis, an d'Nathalie Bender an de Claude Mangen wäerten och dëse Weekend zu Walfer weider op Sich no spannende Bicher, interessanten Auteuren, neie Publikatiounen an der Äntwert op d'Fro "Quo Vadis Europa?" goen. Virdru sinn si awer live beim Philippe Hansen am Studio