Kultur
Den Edward Steichen am BOZAR zu Bréissel
De Bréisseler BOZAR bitt den Ament lëtzebuerger Artisten am Kader vun der lëtzebuerger EU-Présidence eng Plattform. Der Tina Gillen hier Installatioun 'Echo' war schonn Enn September ageweit ginn, leschten Donneschden Owend huet d'Kënschtlerin, an engem Kënschtlergespréich, Erkläerungen zu hirem Wierk ginn an hier Publikatioun 'Echo' presentéiert. Parallel dozou war de Vernissage vun der Expo 'Steichen! Making Meaning of a legacy'. An 3 Kapitele soll dem Edward Steichen säin Ierwe gräifbar gemaach ginn: am BOZAR gëtt seng kuratoresch Aarbecht fir d''family of man' mat Hëllef vun engem digitale Support virgestallt, perséinlech Fotografien -aus der Kollektioun vun der Galerie Clairefontaine- gewisen, plus d'Aarbechte vun de 4 lëtzebuerger Edward-Steichen-Award-Lauréaten Su-Mei Tse/ Claudia Passeri/ Jeff Desom/ Sophie Jung ausgestallt. D'Commissairin vun der Ausstellung, d'Françoise Poos, huet dem Kerstin Thalau erkläert, wéi d'zesummenaarbecht mat der BOZAR-Équipe verlaaf ass.