Invité:e vum Dag
Camille Gira
De Staatssekretär am Ëmweltministere Camille Gira bedauert am Gespréich mam Pia Oppel, dass et gëschter an der Chamber keng Eestëmmegkeet iwwer déi laangfristeg Ausriichtung vun der Klima- an Energiepolitik gouf. Wéinst der Relevanz vum Sujet an als Signal kuerz virum Klimasommet zu Paräis wier et gutt gewiescht, wann d'Chamber sech hei eenz gi wier, sou de Camille Gira.
Déi ronn 60 Recommandatioune vum Rapport sinn net mat konkrete Reduktiounsziler fir d'Zäregase verbonnen. D'Regierung huet dem Camille Gira no wëlles een Drëtte Klima-Aktiounsplang auszeschaffen, dee méi op quantitativ an net just op qualitativ Ziler setzt. Dee Plang géif nächst Joer ausgeschafft ginn, wa bis kloer ass, wéi ee Bäitrag Lëtzebuerg am Kader vun den EU-Klimaziler fir den Zäitraum bis 2020 bis 2030 muss leeschten.