Invité:e vum Dag
Marc Hengen
“D’Legislatioun déi gëscht an der Chamber gestëmmt gouf, kënnt de Clientë vun enger Assurancëgesellschaft zegutt, well eng finanziell zolitt Gesellschaft dat wichtegst fir si ass”. Dat sot de Marc Hengen, vun der ACA de Moien hei op der Antenn. Riets goung vun der Direktive Solvency 2, déi an nationaalt Recht ëmgesat gëtt.
Genee wéi am Bankesecteur geet och bei den Assurancen den Trend a Richtung Steiertransparenz. Dat ass fir d’Gesellschaften zu Lëtzebuerg awer kee Problem, seet den Administrateur-délégué vun der Vereenegung vun den Assurance- a Reassurancecompagnien.
Lëtzebuerg verkeeft 90 Prozent vu senge Liewensversécherungs-Produkter an d’EU. De Marc Hengen huet ënnerstrach, datt de belsche Marché nach ëmmer schwiereg wier, well d’Regierung de Residanten et net géing schmackhaft maache Produiten aus dem Ausland ze kafen.