Kultur
De lëtzebuerger Filmemaacher Jeff Desom am BOZAR zu Bréissel
De Bréisseler BOZAR bitt den Ament lëtzebuerger Artisten am Kader vun der lëtzebuerger EU-Présidence eng Plattform. Der Tina Gillen hier Installatioun 'Echo' war schonn Enn September ageweit ginn, leschten Donneschden Owend huet d'Kënschtlerin, an engem Kënschtlergespréich, Erkläerungen zu hirem Wierk ginn an hier Publikatioun 'Echo' presentéiert. Parallel dozou war de Vernissage vun der Expo 'Steichen! Making Meaning of a legacy'. An 3 Kapitele soll dem Edward Steichen säin Ierwe gräifbar gemaach ginn: am BOZAR gëtt seng kuratoresch Aarbecht fir d''family of man' virgestallt, perséinlech Fotografië gewisen, plus d'Aarbechten vun den Edward-Steichen-Award-Lauréaten ausgestallt. Dorënner Videoinstallatiounen vum ‘Edward Steichen Award Luxembourg Resident in NYC 2013’ Jeff Desom. D’Kerstin Thalau mat den Explicatiounen.