Invité:e vum Dag
René Schlechter
D'Reformen iwwert d'Scheedung an iwwert de Jugendschutz loossen op sech waarde. Ënnert anerem dowéinst steet d'Fro vun der “Parentalitéit” am Mëttelpunkt vum Joresrapport vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand. De President vum ORK René Schlechter erkläert am Gespréich mam François Aulner, de Schwéierpunkt vum Rapport "ass ee Plaidoyer, fir d'Eltere méi an de Fokus ze huelen a fir d'Eltere méi an hirer Roll ze respektéieren. An anerersäits ass natierlech kloer: Et gëtt och Situatiounen, wou ee Kanner muss virun Eltere schützen." D'Ausenanersetzung mam "Eltere-Sinn" konzentréiert sech op juristesch a psycho-emotional Aspekter. Doriwwer eraus geet et ëm d'Kompetenzen, déi ee brauch fir Elteren ze sinn.
Donieft mëscht den ORK wéi gewinnt Rekommandatiounen. Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand verlaangt ënnert anerem méi Ënnerstëtzung fir Elteren, déi Problemer hunn eng Wunneng ze fannen. Gefuerdert gëtt och eng besser Begleedung vun de Kanner, déi aus diverse Grënn mat der Justiz a Kontakt kommen. Aner Prioritéits misst eng gutt Betreiung vun de Kanner vu Réfugiéen sinn.
Déi läscht 12 Méint huet den ORK 92 nei Dossieren opgemaach, wéinst Fäll wou Kanner oder Elteren Schwieregkeeten hunn.