Kultur
Den amerikanesche Punker an de syresche reliéise Gesang
Virun 10 Joer wollten de Punkdrummer Jason Hamacher a seng Bandmembere sech nei erfannen. E Kollege huet ale serbesche Gesang als Inspiratiounsquell proposéiert, mä de Jason huet 'syresch' verstanen an no Beispiller dozou gesicht. Wéi hie bis déi aramäesch orthodox Biedgesäng kennegeléiert huet, war hie verkaf. A verwonnert doriwwer, dat se an der Vergaangenheet weder integral opgeholl nach néiergeschriwwe gi waren. D'Gesäng hunn sech zwar absolut net als Basis fir den Hardcore gëeegent, mä de Jason Hamacher war op eemol iwwerzeegt dovun, dat hien des Traditiounen fir déi nächst Generatioune rette misst. Hien huet eng Filmproduktiounsfirma gegrënnt a se 'Lost Origin Productions' gedeeft. De Museker a Kënschtler ass muer Invité vun emgem Kënschtlergespréich an der Halle des Poches à Fontes um Site vun der Uni Lëtzebuerg um Belval. D'Kerstin Thalau wollt méi iwwert dem Jason Hamacher seng Syrien-Expérienze gewuer ginn.