Kultur
D'Installatioun 'Echo' vun der Tina Gillen am BOZAR zu Bréissel
D’Tina Gillen interesséiert sech fir eis konstruéiert Ëmwelt. Fir hier Toilen oder Wandmolereien, wielt d’Kënschtlerin Elementer doraus eraus an abstraktifizéiert se, fir eis eise Rapport zu der Welt méi kloer ze maachen. An der monumentaler Salle du Conseil am BOZAR, an Dimensiounen: 14 Meter laang mol 7 Meter breed mol 5 Meter héich, weist d’Tina Gillen keng gewéinlech Expo, mee eng Installatioun aus Wandmolerei, Textilkonscht a strukturellen Elementer, déi insitu entstaanen ass. D’Resultat nennt sech `Echo`. Et soll beim Spektateur visuell Echoen entstoe loossen, säi Bléck schäerfen. Parallel zu der Ausstellung huet d'Artistin den 12. November hier Publikatioun mam selwechten Titel ('Echo') presentéiert. D'Kerstin Thalau war beim 'Artisttalk' zu Bréissel dobäi.