Kultur
Edward Steichen am BOZAR zu Bréissel
De Bréisseler BOZAR bitt den Ament lëtzebuerger Artisten am Kader vun der lëtzebuerger EU-Présidence eng Plattform. Der Tina Gillen hier Installatioun 'Echo' war schonn Enn September ageweit ginn, leschten Donneschden Owend huet d'Kënschtlerin an engem Kënschtlergespréich Erkläerungen zu hirem Wierk ginn an hier Publikatioun 'Echo' presentéiert. Parallel dozou war de Vernissage vun der Expo 'Steichen! Making Meaning of a legacy'. An 3 Kapitelen soll dem Edward Steichen säin Ierwen gräifbar gemaach ginn: am BOZAR gëtt seng kuratoresch Aarbecht fir d''family of man' virgestallt, seng perséinlech Fotografië gewisen, plus d'Aarbechten vun den Edward-Steichen-Award-Lauréaten ausgestallt.