Kultur
Finanzgenie Pierre Bergé 85 Joer
De Numm Yves Saint Laurent steet fir de grousse Paräiser Moudedesigner. Mä beim Numm Pierre Bergé , da weess eventuell net méi jidderee vu wiem riets geet. De Pierre Bergé war de Liewens- a Geschäftspartner vum Yves Saint Laurent, an huet diskret quasi als Finanzgenie, de Moudeimperium vum Saint Laurent dirigéiert. Eréischt nom Doud vum Saint Laurent huet ee gemierkt, wéi eng aussergewéinlech geschäftlech Kapazitéiten de Pierre Bergé hat an huet. De Yves Saint Laurent hat eng genial Kreativitéit, huet 4 Kollektioune pro Joer realiséiert, an hannendrun huet de Pierre Bergé sech ëm d’Vermaartung vun deem ganze bekëmmert. 1962 hu si den Yves Saint Laurent-Label gerënnt, aus deem an de Joeren eng riseg weltwäit verspreeten Entreprise gouf, déi de Pierre Bergé 1993 fir ëm déi 600 Milliounen amerikanesch Dollaren un de Pharmakonzern SANOFI verkaaft huet.