Radioen

On air

Tockcity  |  Pet Shop Boys - Feel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Panorama-Spezial no den Terrorattentater zu Paräis

Panorama-Spezial no den Terrorattentater zu Paräis

Frankräich ass am "Etat d'Urgence" no der Attentatsserie zu Paräis mat op d'mannst 127 Doudesaffer. An enger Declaratioun de Moien géint 11 Auer huet de franséische President François Hollande vun engem "acte de guerre" geschwat an dräi Deeg Staatstrauer annoncéiert.

De Jean Asselborn huet nach dës Woch mam franséische President iwwert de Risiko vun Attacken a Frankräich geschwat. De Lëtzebuerger Ausseminister mécht een Appel fir Solidaritéit mat Frankräich. Zur Declaratioun vum François Hollande, datt et sech ëm ee Krichs-Akt handelt, seet de Jean Asselborn: "Ech mengen, dass hien domadder Recht huet. Ech géif just soen, dass mir an der Virgoensweis - an ech mengen do ass och Frankräich dobäi - net déi nämmlecht Fehler dierfe maache wéi 2003 an de Krich géint den Terror declenchéieren an iergendee Land attackéieren. Dat wäert och net geschéien, do sinn ech mir sécher." D'Konflikter am Mëttleren Oste vun haut hätten hiren Ursprong am Krich vun 2003 am Irak.

De Premier Xavier Bettel huet fir de Mëtteg um véier Auer een aussergewéinleche Regierungsrot aberuff. Schonn de Moie sinn hei am Land d’Spezialisten zesummen, déi sech ëm d’Sécherheet vum Land këmmeren, esou de Regierungschef. D'Experte sollen d’Situatioun analyséieren. D’Attentater si mat de schlëmmste Wieder ze veruerteelen, huet de Xavier Bettel betount. Et misst een elo zesummenhale fir esou Akten an d'Terroristen ze bekämpfen, mat alle Mëttel déi zur Verfügung stinn. Déi franséisch an déi europäesch Grondwäerter misste verdeedegt ginn.

Eise Panorama-Spezial mat weidere Reaktiounen an Aschätzungen:

Episoden

Owespanorama

1. Reprise vum Caritas-Personal duerch déi nei Struktur HUT suergt fir Diskussiounen / Science Center trennt sech vun Direkter Nicolas Didier / Brittesch Actrice Maggie Smith stieft am Alter vun 89 Joer
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

OGBL-Protestpiquet virun der Chamber / Eventuell awer Léisung fir Caritas / Nei israeelesch Attacken
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Poopstvisitt goung ouni Problemer iwwer d'Bün / Laangjärege Wëlzer Buergermeeschter Frank Arndt zitt sech aus der Politik zeréck / Mahmoud Abbas: "Liwwert keng Waffe méi un Israel"
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

D'Poopstvisitt goung ouni Problemer iwwer d'Bün / Laangjärege Wëlzer Buergermeeschter Frank Arndt zitt sech aus der Politik zeréck / Mahmoud Abbas: "Liwwert keng Waffe méi un Israel"
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

Visitt vum Poopst François zu Lëtzebuerg / Pirate wëllen Demissioun vu Marie-Marthe Muller net einfach Esou hinhuelen / Première an den USA: New Yorker Buergermeeschter gouf ugeklot
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

Poopstvisitt zu Lëtzebuereg / Nordstadgespréicher solle weidergeféiert ginn / Däitsch Wirtschaft bleift schwaach
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

De Poopst François ass haut op Visitt zu Lëtzebuerg / D'Gemeng Bettenduerf ass eraus aus der Nordstadfusioun / Libanon: et soll eng 21 Deeg laang Waffepaus ginn
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

De Poopst François ass haut op Visitt zu Lëtzebuerg / D'Gemeng Bettenduerf ass eraus aus der Nordstadfusioun / Libanon: et soll eng 21 Deeg laang Waffepaus ginn
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Caritas: OGBL organiséiert Protestpiquet / Gesetz patrimoine culturel soll geännert ginn / EU ass prett fir Juegd op Wollef erëm ze erlaben / Preparatioune Visitt Poopst
headphones

15 min

play_arrow

Mëttespanorama

Sozialkonflikt bei HUT / Aktivitéit um Immobiliemarché zitt nees un / Bommenalarm zu Tel Aviv
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Caritas: Äerzbistum refuséiert ONG-Demande fir finanziell Hëllef vu puer Milliounen Euro / Journée du Secteur social: Wichtegkeet vum soziale Secteur am Mëttelpunkt / Israel: Weider Loftattacke géint Hisbollah am Libanon
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Caritas: Äerzbistum refuséiert ONG-Demande fir finanziell Hëllef vu puer Milliounen Euro / Journée du Secteur social: Wichtegkeet vum soziale Secteur am Mëttelpunkt / Israel: Weider Loftattacke géint Hisbollah am Libanon
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Statec-Rapport Aarmutsrisiko / Gewerkschaften iwwer Situatioun ING / Dementi Frieden iwwer presuméiert Ofmaachung mat EU-Kommissioun / Weider israeelesch Ugrëff am Libanon
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Schutzstatus Wollef: Ëmweltminister Wilmes verdeedegt Decisioun, deen erofzesetzen / Affär Pim Knaff: déi Lénk Esch geet op d‘Verwaltungsgeriicht / Eskalatioun am Libanon: Zéngdausende Mënschen op der Flucht
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Libanon: 492 Doudeger bei israeeleschen Attacken / UNO-Vollversammlung: Konflikt tëschent Israel an der Hisbollah dominéiert / Piraten: Neiopstellung bis Enn vum Joer
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Libanon: 492 Doudeger bei israeeleschen Attacken / UNO-Vollversammlung: Konflikt tëschent Israel an der Hisbollah dominéiert / Piraten: Neiopstellung bis Enn vum Joer
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Vill Doudeger a Blesséierter bei israeeleschen Ugrëff am Libanon/ Positiounswiessel vu Lëtzebuerg beim Schutzsstatus vum Wollef / Bistum iwwer Poopst-Visitt
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Huet Lëtzebuerg seng Positioun zum Wollef geännert? / Poopst-Visitt a Gefor? François I. annuléiert Rendez-vouse wéinst Gripp / Israel rifft zur Evakuéierung am Süde vum Libanon op
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Brandenburg: SPD wënnt Landtagswal virun der AfD / Zënsen: Spuerkeess sëtzt Zënsen elo mol net weider erof / Tour de Luxembourg: Schlussvictoire vum Italieener Antonio Tiberi
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Brandenburg: SPD wënnt Landtagswal virun der AfD / Zënsen: Spuerkeess sëtzt Zënsen elo mol net weider erof / Tour de Luxembourg: Schlussvictoire vum Italieener Antonio Tiberi
headphones

13 min

play_arrow