Kultur
D'Cathy Moes a säin Danzstudium zu New York
En Danz-Studium zu New York, an der Stad vun de Broadway Musicals: d'Lëtzebuergerin Cathy Moes huet sech dësen Dram erfëllt. Fir sech als Dänzer ze verwierklechen, brauch ee Gedold, Training an eng enorm Dedicatioun. Dorun léist d’Dänzerin Cathy Moes keen Zweiwel. D’Duechter vum Li Marteling huet während véier Joer zu New York um Marymount Manhattan College studéiert. D’Liewen an der Metropol vum Danz an de Musicals war eng enorm Erfahrung, an huet déi jonk Dänzerin perséinlech wei och professionell verännert. Vum Virdanzen an der Schoul wou ee just eng Nummer ass, bis hin zu Auditiounen an och privaten Danzcoursen, huet d'Cathy Moes immens vill Experienze gesammelt. D'Proffen op der Universitéit zu New York wieren immens exigent gewiescht, an et hätt een ëmmer probéiert, fir hir Verbesserungsvirschléi a Kritiken ëm ze setzen.