Kultur
Lëtzebuerger Planzejeeër am MNHN (4. Deel)
Den Naturmusée ass bis ugangs Dezember wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, dat se Paus hätt. D'Preparatiounen zu der grousser Réouverture-Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’ lafen op Héichtouren. Am 19. Joerhonnert goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker- a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d'Explorateuren an Aventuriere vu Lëtzebuerg. Zum Beispill de Jean Linden an den Nicolas Funck, déi sech 1835, mat net emol 20 Joer, a Richtung Brasilien op de Wee maachen.