Zäithistoriker
Historikersträit ?
D'Kollaboratioun vun der Verwaltungskommissioun bei der Juddeverfolgung.
A senger Replique zum Artuso-Rapport schreift de Charles Barthel vun "(angeblich) begangenem Unrecht" vu Säite vun der Verwaltungskommissioun. Dobäi si wichteg Grondelementer scho laang bekannt, just d'Schéier am Kapp huet bis elo verhënnert, d'Konklusiounen aus deene Recherchen ze zéien. De Rapport Artuso ass e wichtege Schrëtt an där Entwécklung. Déi Recherchë mussen elo endlech verdéift - amplaz a Fro gestalt - ginn, seet den Zäithistoriker Denis Scuto.