Kultur
Lëtzebuerger Planzejeeër am MNHN (3. Deel)
Den Naturmusée ass bis ugangs Dezember wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, datt se Paus hätt. D'Preparatiounen zu der grousser Reouverture-Ausstellung ‘Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine’ lafen op Héichtouren. Am 19. Joerhonnert goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker- a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d'Explorateuren an Aventurierë vu Lëtzebuerg. Zum Beispill den Edouard Luja. Seng Biografie a seng Decouverten dierfen an der MNHN-Expo vun Dezember un natierlech net feelen.