Kultur
LEAP-En neie Konschtpräis
Bis den 31. Dezember dëst Joer kann ee säin Dossier erareechen, wann ee fir deen neie Konschtpräis kandidéiere wëll. De LEAP gëtt ausgeriicht vun de Rotonden zesumme mam Galerist Alex Reding an dem cabinet d'avocats Allen & Overy, an ass mat 12.500 Euro dotéiert. Matmaache kann all Artist/in deen/déi eppes mat Lëtzebuerg ze dinn huet (hei gebuer ass oder hei lieft/schafft); et gëtt och keng Alterslimite. Wichtegste Critère ass: et muss ee rezent Aarbechte proposéieren, déi entweder zu Lëtzebuerg oder am Ausland ze gesi waren. De Präis soll Kënschtler ënnerstëtzen, déi deemno schonn unerkannt sinn, déi awer mat hirer Aarbecht weisen datt si sech weider developpéieren an erneieren.